Biohaff Fischbach

Kontakt

Dir erreecht eis per Telefon, E-Mail oder iwwer déi sozial Medien.

Dir frot, mir äntweren

Heefeg Froen

Ass Äert Geméis bio?

Jo. Mir baue zanter 1996 biologesch un a verzichten op chemesch-syntheetesch Dünger a Pestiziden. Bio-Kontrollstell: LU-BIO-05.

Wat baut Dir un?

Gromperen a ville Zorten, Muerten (orange, giel a Purple Haze), Rout Rommelen, Pastinaken, Wurzelpetersilie, Ënnen a Schalotten gëtt et dat ganzt Joer, Zucchini am Summer.

Wéi bleift d’Geméis dat ganzt Joer frësch?

Mir lageren eist Geméis an eegene Killhaalen a verschaffen et um Haff.

Wou gëtt et Äert Geméis?

Mir liwweren eist Geméis u La Provençale. Fir Froen erreecht Dir eis um +352 691 236 917 oder per E-Mail un info@biohaff-fischbach.lu.

Wien schafft um Haff?

Zwou Generatiounen. Vum Séien bis bei d’Recolte këmmere mir eis selwer ëm eist Geméis.

Sicht Dir Mataarbechter?

Initiativbewerbunge sinn ëmmer wëllkomm, per E-Mail un info@biohaff-fischbach.lu.